Championnat am SchwammenDaleiden a Banky goungen op Titeljuegd

RTL Lëtzebuerg
Op de Wantermeeschterschaften am klenge Basseng ware Schwëmmer aus allen Altersgruppen ugetrueden.
Wantermeeschterschaften am Schwammen
D’Wantermeeschterschaften am klénge Basseng sinn e wichtege Rendez-vous fir d’Schwëmmer an d’Schwëmmerinnen.

Virun de Finalle gouf et eng Demonstratioun vum artistesche Schwammen. Zesumme mam klassesche Schwammen, dem Plongeon, dem Open Water, dem Waasserball an de Masters ass dëst eng vun den 6 Disziplinnen, déi ënnert dem Hutt vun der Schwammfederatioun stinn. De klassesche Schwammsport ass souwuel vun der Zuel vun de Lizenzéierte wéi och vun der Presenz op der internationaler Bün awer d’Nummer Eent.

Deen huet de Finn Kemp net verpasst. 6 Participatiounen a 6 Titelen, toutes catégories, an eng Meilleure Performance an der Kategorie vun den de 17 Järegen am 50 Meter Brasse. Dat léisst sech méi wéi weisen.

Den Albert Alexandre Chaussard huet 3 Meilleure Performancen an der Kategorie vun den 15 Järegen an der Brasse realiséiert. De Ralph Daleiden an de Pit Brandenburger hu sech e puer interessant Dueller geliwwert. Den Éischtgenannten hat awer all Kéiers d’Nues vir. Vum Schwëmmer vum Swimming hat een an de leschte Méint keen Optrëtt bei eis am Land erlieft, nodeems hien an Amerika Uni an Sport matenee verbënnt.

Bei de Meedercher ass d’Jacky Banky wéi gewinnt op Titeljuegd gaangen an dat mat Erfolleg. D’Schwëmmerin huet awer keng international Ambitiounen a mam Réckzuch vum Julie Meynen an dem Olivier Monique ass e Vide entstanen. Am Nowuessberäich ginn et e puer interessant Resultater, wéi déi vum Maud Allard mat 3 Meilleur Performancë bei den 14 Järegen an zwou vum Emma Barthel.

An de Brasse Disziplinnen, an deene Lëtzebuerg mat Carnol an De Prins, déi jo och bei Olympia dobäi waren, eng gutt Traditioun hat, schéint sech eppes ze doen, jiddefalls wann een d’Wanterchampionnat ënnert d’Loupe hëlt.

PDF: Schreiwes FLNS

Back to Top
CIM LOGO