Den Nationaltrainer Dan Santos huet e Freideg de Moie säi Kader fir den nächste Lännermatch vun der WM-Campagne géint Éisträich presentéiert. Et ass dee 5. Match an der aktueller Qualifikatioun an e gëtt ewéi d’Partie géint England am Stade de Luxembourg gespillt. An och hei sinn d’Rout Léiwinnen de kloren Outsider.
Mat enger Victoire am Gepäck ass d’Dammen-Nationalekipp vum leschte Qualismatch Enn Oktober aus Nordmazedonien zeréckkomm. Et war eng historesch Victoire, déi sech e puer Deeg méi fréi am Allersmatch géint Éisträich ugedeit hat. Well géint d’Nummer 21 an der Fifa-Weltranglëscht hunn d’Rout Léiwinnen nëmme mat 0:5 verluer an et huet bis zur 42. Minutt gedauert, bis d’Staren aus der däitscher Bundesliga eng éischte Kéier getraff hunn.
Den Dan Santos hat de Géigner am Allersmatch mat enger 5er-Ketten iwwerrascht. Fir de Retourmatch am Stade de Luxembourg wëll sech den FLF-Nationaltrainer awer erëm eppes Neies afale loossen. Dobäi kann hien op e Kader vun 23 Spillerinne vertrauen. Et sinn hannert dem Lucie Schlimé zwou nei Golkipperinne selektionéiert ginn an och den Ausfall vum Jessica Berscheid gouf kompenséiert. Eenzege B-Moll ass d’Blessur vum Laura Miller. D’Kapitänin ass um Réck blesséiert an hofft bis den 30. erëm fit ze ginn, mee et gëtt knapp.
D’Éisträicherinne musse 4 Deeg virum Duell géint Lëtzebuerg auswäerts géint de grousse Favorit England spillen. D’Lëtzebuergerinnen hu Paus, well de Match géint Lettland an de Juni verluecht ginn ass. Do feelt villäicht dann e bëssen de Rhythmus.
Et gëtt op alle Fall e ganz schwéiere Match géint den 2. am Grupp D vun der WM-Qualifikatioun. Trotzdeem ass et e weideren Highlight an der éischter offizieller Campagne vun de Roude Léiwinnen.
RTL ass den 30. November vun 20 Auer un dann och erëm live mat dobäi. D’Partie gëtt am neie Stade de Luxembourg gespillt. De Virverkaf fir de Match fänkt e Samschdeg un.