Schi AlpinDammen an d'Häre Course wéinst Schnéistuerm ofgesot

RTL Lëtzebuerg
Souwuel zu St. Moritz an der Schwäiz wéi och zu Santa Caterina an Italien hunn d'Coursë misse wéinst staarkem Schnéifall ofgesot ginn.
© AFP

De Super G zu St. Moritz huet bei den Damme missen ofgesot ginn. Wéinst ze staarke Schnéifäll besteet an der Regioun eng gréisser Lawinegefor, déi et aktuell net zouléisst eng Course kënnen ze fueren.

Bei den Hären ass de Riseslalom zu Santa Caterina an Italien um Sonndeg de Moie wéinst ze schlechte Wiederkonditiounen op e Méindeg de Moie verréckelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO