
Den Danel Sinani huet an der 61. Minutt den zweete Gol vu Beveren geschoss. Den Albanese hat d’Lokalekipp an der 46. Minutt mat 1:0 a Féierung bruecht. An der Tabell bléift Waasland-Beveren op der zweetleschter Plaz, hëlt awer wichteg Punkte géint den Ofstig.
Am schwedesche Championnat war Norrköping dem Veräin Falkenbergs FF mat 4:1 iwwerleeën. De Lars Gerson huet bei der Lokalekipp déi 90 Minutten duerchgespillt. Nom 28. Spilldag steet Norrköping an der Tabell op der 5. Plaz an huet nëmmen 2 Punkte Retard op d’Plaz 3, mat där een d’Europa-League-Qualifikatioun kéint spillen.
Am griichesche Championnat huet Kreta auswäerts mat 4:1 géint Volos gewonnen. De Vahid Selimovic souz bei Kreta déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.