
Fir den 1. FC Kaiserslautern, d’Ekipp vum Lëtzebuerger Trainer Jeff Saibene, gouf et e Méindeg den Owend an der 3. Liga an Däitschland en 0:0-Remis géint Hansa Rostock.
Fir de Mica Pinto ass et mat Sparta Rotterdam bei enger 1:4-Defaite géint Heerenveen näischt ze huele ginn. De Mica Pinto war de ganze Match am Asaz. D’Ekipp vu Rotterdam steet sou weiderhin mat 3 Punkten op enger direkter Ofstigsplaz an der Eredivisie.
Och den Danel Sinani muss sech an der Belsch mat 1:4 geschloe ginn. Bei der Defaite vu Waasland-Beveren géint de KAA Gent ass dem Lëtzebuerger awer den Uschlossgol gelongen.
A Portugal huet sech de CD Nacional am Match géint Maritimo mat engem 0:0 d’Punkte gedeelt. De Vincent Thill ass dobäi an der 62. Minutt ausgewiesselt ginn.
Den Anthony Moris huet am Gol vun Union St. Gilloise eng kloer 4:1-Victoire géint Westerlo gefeiert. No engem Géigegol an der 1. Minutt konnt d’Ekipp mam Lëtzebuerger Golkipp de Match nach dréinen a fir sech entscheeden.
An der Ukrain ass den Gerson Rodrigues bei der 2:1-Victoire géint Dnipro an der 64. Minutt agewiesselt ginn. Dynamo Kiew steet domat elo no 8 Matcher mat 20 Punkten un der Tabellespëtzt.
An der drëtter däitscher Liga huet den 1.FC Saarbrécken mam Maurice Deville duerch e Gol an der Nospillzäit mat 0:1 géint de KFC Uerdingen verluer. De Lëtzebuerger ass an der 75. Minutt ausgewiesselt ginn.