Internationale FuttballDarmstadt feiert éischt Victoire, Metz geet zu Toulouse ënner

RTL Lëtzebuerg
Déi Mof vun Darmstadt setze sech mat 4:2 géint Bremen duerch. An der Ligue 1 ass Brest elo punktgläich mat Monaco Tabellenéischten.
© AFP

Bundesliga

Darmstadt - Bremen 4:2
1:0 Bader (5'), 2:0 Skarke (25'), 3:0 Mehlen (50'), 4:0 Kempe (62'), 4:1 Deman (70'), 4:2 Veljkovic (79')

Darmstadt kann um 6. Spilldag seng éischt dräi Punkten afueren a mécht domat e Sprong an der Tabell. Bremen war an der éischter Hallschent zwar net ënnerleeën, hat awer och keng wierklech Golchance. Déi Mof hunn zwee Konterattacke genotzt, fir an der Paus mat zwee Goler virzeleien. Direkt no der Paus war de Match quasi duerch, wéi Darmstadt den drëtte Gol markéiere konnt. Nodeems d’Lokalekipp souguer op 4:0 erhéicht hat, ass Bremen op eemol erwächt an huet mat zwee Goler fir Ergebniskosmetik gesuergt.

Freiburg - Augsburg 2:0
1:0 Grifo (5', Eelefmeter), 2:0 Lienhart (56')

Et war en “Arbeitssieg” fir Freiburg. Och wann een de Match iwwer wäit Strecken dominéiert huet, ass net vill Zielbares dobäi erauskomm. Och Augsburg huet kee schlechte Match gewisen, mee seng puer Chancen, déi sech de Schwabe gebueden hunn, net genotzt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Bergamo - Juventus 0:0

Béid Ekippen deelen d’Punkten, woumat den Ecart zum Mailänner Spëtzenduo méi grouss gëtt. Och wa béid Ekippen net vill Golchancen haten, war Atalanta méi no un der Victoire wéi Juventus.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Toulouse - Metz 3:0
1:0 Schmidt (31'), 2:0 Dallinga (43'), 3:0 Magri (82')

Den detailléierte Resumé vum Match fannt Dir bei de Kolleege vun RTL Infos. Metz steet no zwou konsekutiven Néierlagen am ënneschten Drëttel vun der Tabell an huet just zwee Punkten Avance op d’Relegatiounsplaz.

Nice - Brest 0:0

Brest ass nieft Reims bis elo d’Iwwerraschung an der Ligue 1. D’Ekipp vun der Atlantikküst war bis virum Spilldag Tabellenéischten, huet dës Positioun awer nom Gläichspill un der Côte d’Azur un d’AS Monaco mussen ofginn. Béid Veräiner stinn elo punktgläich op der éischter Tabelleplaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO