De leschte Samschdeg war d’Finall vun der Darts-WM zu London. Duerchsetze konnt sech do a siwe Sätz den eréischt 18 Joer ale Luke Littler, dee säin Titel vum leschte Joer géint den Gian Van Veen verdeedege konnt.
Zu Schuller war dofir op en Neits ee grousse Public Viewing organiséiert ginn an d’Tickete fir dësen Evenement waren dobäi am Virfeld séier fort, wéi de Christophe Winandy vun DC Nevercheck verréit: “No zwou Woche wou mir d’Reservéierungen erausginn hate ware mir sold-out. 160 Sëtzplaze ware fort an dann hu mir nach Steedecher, sou datt mir den Owend mat 230–240 Leit hei sinn. Wat ee gesäit an England do ofgoen, déi Party do ronderëm, et ass dat, wat de Leit gefeelt huet hei zu Lëtzebuerg an et ass dat, wat mir elo hei fir zweet zu Schuller kënne maachen.”
Esou ee Public Viewing, wéi deen heiten, huet nieft der gudder Stëmmung vum Public op der Plaz och nach aner positiv Aspekter, den Darts als Sport soll schliisslech och am Grand-Duché méi populär ginn, sou de Christophe Winandy weider: “Mir gesinn, datt an de leschte Joren een Zouwuess kënnt vu Spiller an och deen een oder anere Veräin, dee méi Ekippen umellt. Mir sinn um richtege Wee, mee et ass nach ee Wee.”
D’Resultater vu Lëtzebuerger Spiller am Ausland ginn dobäi an de leschte Joren ëmmer besser.
Hei am Land ginn et dann direkt e puer Méiglechkeeten, Darts ze spillen, sou den FLD-President Tom Becker: “Mir hunn eis Championnat, do muss een am Club ugemellt sinn. Mir hunn awer och sechs Ranglëschten am Joer an dat ass fir jiddereen, do brauch ee keng Lizenz. Do kann een dohi kommen, Spiller kenneléieren a matmaachen. Mir hunn och vill Spiller, déi international spille ginn an et mierkt een awer, dass eis Spiller ëmmer méi Erfolleg hunn a mir méi kenne mathalen.”
Fir datt dann och eng Kéier ee Lëtzebuerger Darts-Spiller et bis op London packt, misst een awer nach méi maachen, virun allem am Jugendberäich, sou de Christophe Winandy: “Mir mussen drun usetzen, wat och schonn am Réidener Lycée gemaach ginn ass: Mir mussen de Sport bei déi Jugendlech bréngen. D’Veräiner sinn amgaangen, aus de Caféen erauszekommen, an d’Centre Culturelen, a mir komme vum Caféssport ëmmer méi ewech.”
Datt et och jonk Spiller am Darts wäit brénge kënnen, beweist de Brit Luke Littler am Moment bal a Perfektioun. Mat nëmmen 18 Joer konnt hien an der Final géint den 23 Joer jonke Gian Van Veen gewannen a säi WM Titel aus dem leschte Joer verdeedegen.