Am Dezember ass d’Welt eng Scheif. Net fir jiddereen, mee fir déi meescht Leit, déi aktuell d’Darts-WM kucken, wann zu London den neie Weltmeeschter gesicht gëtt. Lëtzebuerg feelt hei zwar nach, ma et gëtt awer een Dartsspiller, deen dëse Sprong op déi grouss Bün an deenen nächste Jore packe kéint.
An dee Spiller heescht Jim Mayer, ass 32 Joer al spillt zanter 11 Joer Darts a geheit beim Club “Brooklyn Zoo” Feiler op d’Scheif. Mä net nëmmen do.
Zanter dräi Joer spillt hien och an der Modus Super Series mat. En Tournoi an England, deen un de professionellen Niveau erukënnt, a bei deem de Jim Mayer dëst Joer e grousst Zil erreecht huet.
“Mäin Zil war et vun Ufank un, dass ech eng Kéier an d’Finals Night kommen an dat hunn ech gepackt. D’Leeschtungen iwwer déi ganz Woch ware wierklech gutt. Ech si mat mengem Spill absolutt zefridde gewiescht an och mam Resultat, wat ech déi Woch do mat heembruecht hunn.”
Virun allem huet de Jim Mayer bei dësem Tournoi géint de Mervyn King gewonnen, deen dëst Joer bei der WM matgespillt huet an och schonn an der Halleffinall stoung. En Numm, deen an der Darts-Zeen e Begrëff ass. Nervositéit war beim Lëtzebuerger virun dëser Partie keng ze spieren.
“Nervositéit net, Respekt sécherlech, well een einfach weess, wat déi Persoun matbréngt, an, an hirem Liewen erreecht huet. Dofir Respekt sécherlech, mee Nervositéit u sech guer net. Et konzentréiert ee sech op dat, wat een trainéiert huet a wat ee weess, wat ee spille kann.”
De Wee ass fir de Lëtzebuerger Dartspiller awer keen einfachen, fir op der grousser WM-Bün dierfen ze spillen. Fir dohin ze kommen, muss eng staark Konkurrenz aus dem Ausland op deene villen Qualifikatiounstournoien eliminéiert ginn.
“An da muss een natierlech den haarde Wee duerch d’Q-School am Idealfall goen, dat heescht entweeder an der Q-School sech eng Tourkaart erspillen, Profi ginn an da sech iwwer d’Joer op de Rankinge bei der PDC an eng gutt Positioun bréngen, fir dann op der WM kënnen deelzehuelen. Mä ech sinn optimistesch, datt mer iergendwann eng Kéier e Lëtzebuerger do op der Bün kënne gesinn. Et ass absolutt mäin Zil, fir do och eng Kéier Lëtzebuerg ze representéieren.”
De Jim Mayer huet wuel déi bescht Chancen, fir Lëtzebuerg emol bei der Weltmeeschterschaft vertrieden ze dierfen. Dowéinst wëll den erfuerenen Dartspiller dat nächst Joer déi Missioun lancéieren.