
18 an 23 Joer. Sou al waren e Samschdeg den Owend d’Finalisten, déi am Ally Pally zu London openeegetraff sinn an domat war et déi jéngst Finall an der WM-Geschicht. No enger Muechtdemonstratioun setzt sech um Enn de Luke Littler mat 7:1 géint den Gian van Veen duerch a feiert domat no 2025 säin zweete Weltmeeschtertitel hannerteneen.
Am Ufank vun der Partie hate sech béid Spiller nach op Aenhéicht gewisen. Den “The Giant” konnt den éischte Saz fir sech entscheeden, den zweete war da fir de Luke “The Nuke” Littler. Duerno huet den Englänner da säi Scoring awer ëmmer weider an d’Luucht gedriwwen an de van Veen domat ëmmer méi ënner Drock gesat. D’Sätz 3 a 4 huet mat am Ganzen nëmmen engem Leg Verloscht d’Nummer 1 vun der Weltranglëscht fir sech entscheet an domat ee kloert Zeeche gesat, op dat den Hollänner och an den nächste Saz net äntwere konnt.
Relativ séier gouf kloer, datt dem Luke Littler d’Victoire net méi wierklech aus der Hand ze rappe war. Zwar war de Gian van Veen selwer net all ze schlecht am Match, ma säi Géigner huet op dësem Owend op en Neits a senger eegener Liga gespillt. A wéi et sech fir e Weltmeeschter gehéiert, huet de Littler d’Partie um Enn mat engem spektakulären 147er-Finish zougemaach an nieft dem zweete Weltmeeschtertitel och d’Präisgeld vun enger Millioun Pond mat Heem geholl.