
D’Australierin hält domat am Alter vun 25 Joer op. D’Ashleigh Barty huet an hirer Karriär dräi Grand Slamen gewonnen, dorënner och dëst d’Joer d’Australian Open.
“Haut ass e schwéieren Dag voller Emotioune fir mech, well ech mäi Récktrëtt vum Tennis bekannt ginn”, sot d’Australierin an engem Video, dee si op Instagram verëffentlecht huet. “Ech sinn dankbar fir alles, wat dëse Sport mir ginn huet”, esou d’Barty.
Si wier awer sécher, datt et dee richtegen Zäitpunkt wier, fir opzehalen an aneren Dreem nozegoen.