Fir genau ze sinn den 31. Oktober 1990. Am ausverkaafte Stade Josy Barthel krut et d’FLF-Selektioun mat Däitschland ze dinn, déi puer Méint virdrun op der WM an Italien Weltmeeschter goufen. No dem Franz Beckenbauer sengem Récktrëtt als däitschen Nationaltrainer stoung fir déi éischte Kéier de Berti Vogts als Trainer un der Säitelinn. D’Partie an der Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 1992 a Schweden zu Lëtzebuerg ass fir vill Supporter vun der Futtballnationalekipp eng vun deene gréisste Prestatiounen, déi jee eng FLF-Formatioun gespillt huet.
Déi däitsch Ekipp ronderëm de Kapitän Lothar Matthäus louch duerch Goler vum Jürgen Klinsmann an dem Uwe Bein an der Paus 2:0 vir, obwuel d’Rout Léiwe kee schlechte Match gemaach haten. 5 Minutten no der Paus huet de Rudi Völler fir den deemolege Weltmeeschter op 3:0 gestallt. An du koum eng Reaktioun vun de Lëtzebuerger.
No 57 Minutten hat de Jean-Paul, genannt Jemp, Girres eng Pass vum Lothar Matthäus an der Lëtzebuerger Hallschent vum Terrain interceptéiert. No engem flotten Zesummespill mam Roby Langers stoung den deemolege Spiller vun der Union Lëtzebuerg eleng virum Bodo Illgner am däitsche Gol a konnt mat engem schéine Lopp op 1:3 verkierzen. De Stade Josy Barthel stoung Kapp an iwwert dee Gol gëtt haut nach geschwat. Dem Jemp Girres säin éischte vun zwee Goler fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp.
Jemp Girres: “Datt dat sou laang hänke bleift, hätt ech net geduecht. Och bei Leit an Eeleren, déi ech schonn eng Zäitchen net gesinn hunn. Mä och eng Partie Jonker, déi dat um Internet gesinn hunn. Ech ginn effektiv nach heiansdo drop ugeschwat. (...) Ech war frou, datt en iwwert d’Linn goung, well en ass jo just nieft de Potto ragaangen. Ech koum nach kuerz virum Illgner un de Ball, fir en ze loppen. Dat war scho speziell, mäin alleréischte Gol fir d’Nationalekipp no esou ville Matcher an och nach géint de Weltmeeschter. Si hu mech net rëm kritt, wéi mir feiere wollten.”
Esou huet den deemolege Commentateur Pilot Fonck de Gol annoncéiert. Nëmmen 8 Minutten no dem Jemp Girres sengem Gol hat de Roby Langers vun engem Malentendu an der däitscher Defense profitéiert, fir den 2:3 ze markéieren. D’Freed an d’Emotioune waren de Spiller, dem Staff an de Supporter am Gesiicht ofzegesinn. Ëm sou méi, well déi zwee Lëtzebuerger Goler zum richtegen Ament am Match koumen.
Paul Philipp:“Zu engem Zäitpunkt, wou ee richteg Angscht hat, datt mir kéinten ënnert d’Rieder kommen, du koum dem Jemp säin 3:1. Puer Minutten drop dunn den 3:2 vum Roby. Wat op der Bänk lass war, hutt Dir gesinn. Wat ronderëm lass war, hunn ech bis dohin nach ni erlieft gehat. Ech war op all Lännermatch, och wéi ech net Nationaltrainer war. Datt d’Lëtzebuerger Supporter op de Sëtzer stoungen, hat ech bis dohin selwer nach net erlieft an dat war beim 3:2 de Fall.”
An der Suite hat de Marc Birsens nach eng grouss Chance op den Ausgläich um Fouss leien. De Bodo Illgner am däitsche Gol konnt dëse Schoss no enger schéiner Kombinatioun vu Birsens a Weis awer paréieren.
Um Enn ass et bei der knapper 3:2-Victoire fir Däitschland bliwwen. Nom Match gouf et an der däitscher Press eng gutt Portioun Kritik um Nationaltrainer Berti Vogts a senger Ekipp. De fréieren däitschen Nationaltrainer Franz Beckenbauer huet no dem WM-Titel an Italien gesot, datt Däitschland no der “Wiedervereinigung” vun BRD an DDR op Joren net ze klappe wier. Fir den FLF-President an deemolege Lëtzebuerger Nationaltrainer Paul Philipp war et eng ganz aner Approche deemools, wéi 35 Joer méi spéit.
Paul Philipp: “Dat war ee ganz anere Match wéi deen zu Hoffenheim. Do ware si wierklech ënner Drock. Och wann et keng sou eng gutt däitsch Ekipp ass, wéi deemools, obwuel een dat jo ni vergläiche soll. 1990 si si als Weltmeeschter komm. An zu Hoffenheim ware si vun der éischter Sekonn dran.”
Fir den Optakt an d’WM-Qualifikatioun huet sech Däitschland 0:2 zu Bratislava géint d’Slowakei misse geschloe ginn. Um zweete Spilldag gouf et dunn eng 1:0-Victoire zu Belfast géint Nordirland.
Duerch Goler vum David Raum, dem Serge Gnabry an zwee Stéck vum Joshua Kimmich huet d’FLF-Selektioun virun engem Mount 0:4 zu Sinsheim géint Däitschland de Kierzere gezunn. Véier Woche méi spéit gesäit déi däitsch Futtballwelt schonn en Tick anescht aus. No 4 Spilldeeg steet d’Ekipp vum Nationaltrainer Julian Nagelsmann mat 9 Punkten zwar op der éischter Plaz vum Grupp A an der WM-Qualifikatioun, dat awer punktgläich mat de Slowaken op Plaz 2. Direkt hannen dru lauert Nordirland mat engem Retard vun 3 Punkten. D’DFB-Ekipp muss un deene leschten zwee Spilldeeg weider Punkte sammelen, fir sech direkt fir d’Weltmeeschterschaft d’nächst Joer an den USA, Mexiko a Kanada ze qualifizéieren.
D’Vergaangenheet aus deene leschte Joren huet trotzdeem bewisen, datt d’Rout Léiwe grousse Natiounen un engem gudden Dag d’Liewe kënne schwéier maachen.
Jemp Girres:“Si sollen einfach hire Futtball spillen, dee si kënnen. Et muss natierlech jiddereen no bei 100 Prozent sinn. Mä et muss een ëmmer dru gleewen. De Match geet bei 0:0 un. Villäicht hu si och eng Kéier net déi Reussite, déi si normalerweis hunn a mir hu se. Wann een da villäicht eng Kéier déi Reussite huet a mir sti gutt, dann ass och heiheem e Resultat méiglech. Zemools mat eiser Ekipp mat lauter Profien. Et ass een anere Futtball, wéi zu eiser Zäit an et ka jidderee géint jidderee gewannen.”