FuttballDave Turpel, Jonathan Joubert a Kevin Malget wiessele vum F91 op Hesper

RTL Lëtzebuerg
No 16 Joer beim F91 a mat 40 Joer geet de Joubert domat nach een neien Challenge beim Opsteiger un.

De Jonathan Joubert wiesselt vum F91 Diddeleng op Hesper, dat huet de Veräin am Nomëtteg op senger Internetsäit bekannt ginn.

RTL géintiwwer hat de fréieren Nationalgolkipp e Mëttwoch de Mëtteg gesot, datt hie sech wuel mam Swift eens wier, allerdéngs nach Detailer vum Kontrakt ze kläre bléiwen. Déi konnten deemno gekläert ginn.

De Swift Hesper huet donieft nach matgedeelt, datt nieft dem Jonathan Joubert och nach den Dave Turpel an de Kevin Malget wäerten op den Holleschbierg wiesselen. Béid Spiller hunn déi lescht Saison fir Virton an der zweeter belscher Divisioun gespillt.

Back to Top
CIM LOGO