DëschtennisDavid Henkens wiesselt bei den DT Berbuerg an ersetzt de Mirko Habel
E Mëttwoch huet den DT Berbuerg annoncéiert, datt een en Ersatz fir de Mirko Habel fonnt huet, deen an Zukunft als Verbandstrainer bei der FLTT wiesselt.
Domat komplettéiert de 26 Joer ale Belsch déi éischt Ekipp vum DT Berbuerg. Hie kënnt vum CTT Royal Alpa Schaerbock Woluwe, deemno aus der héchster Divisioun an der Belsch. An der belscher Ranglëscht ass hien d’Nummer 23.
PDF: Offiziellt Schreiwes