
Éischten Informatiounen no soll hie fir 3 Joer op Schalke ënnerschriwwen hunn. De Wagner kënnt aus der Premier League, wou hien nach bis Januar als Coach vun Huddersfield Town aktiv war.
„Wir freuen uns, mit David Wagner einen Trainer für uns gewonnen zu haben, der perfekt in unser Anforderungsprofil passt: Einen, der Fußball so gestaltet, dass die Mannschaft das Heft des Handelns selbst in die Hand nimmt, laufintensiv, mit möglichst viel Tempo. Aber auch einer, der mit seiner Persönlichkeit ein Team formen und Spieler individuell verbessern kann“, esou de Sportvirstand Jochen Schneider um Site vum Bundesligist.
Den David Wagner, Joergang 1971, huet tëscht 1995 an 1997 36 Matcher fir Schalke gespillt an ass fir déi amerikanesch Nationalekipp opgelaf.