
D’Bayern gewannen no fréiem Réckstand souverän mat 5:3 géint Augsburg. Nodeems de Berisha seng Faarwe schonn no 3 Minutten a Féierung bruecht huet, waren et bei de Bayern mam Cancelo (15') an zweemol mam Pavard (19' an 35') d’Defenseuren, déi d’Partie gedréint hunn. Kuerz virun der Paus huet de Sané mam 4:1 du schonn den Deckel dropgemaach. Am zweeten Duerchgang konnten de Berisha per Eelefmeter (60') an de Cardona (90+3') nach Goler fir d’Gäscht schéissen, ma den Davies hat no 74 Minutten schonn den 5. Gol fir d’Bayern geschoss.
RB Leipzig huet sech doheem mat 3:0 géint BorussiaMönchengladbach duerchgesat. Nodeems déi éischt Hallschent ouni Goler op en Enn gaangen ass, hat de Pléa kuerz no der Paus vum Eelefmeterpunkt d’Chance op d’Féierung, ass awer um Blaswich hänke bliwwen. Just 4 Minutten drop konnt de Werner no enger héijer Recuperatioun vun de Leipziger d’Féierung fir RB markéieren. No 71 Minutten huet de Forsberg du per Eelefmeter op 2:0 erhéicht, éier de Gvardiol an der 81. Minutt fir d’Entscheedung gesuergt huet.
Eintracht Frankfurt a Stuttgart trenne sech mat engem 1:1-Remis. Nodeems déi éischt Hallschent ouni Goler op en Enn gaangen ass, konnt de Rode an der 55. Minutt den 1:0 fir d’Frankfurter schéissen. Stuttgart huet sech allerdéngs net opginn a gouf eng Véierelsstonn viru Schluss mam Ausgläich duerch de Katompa Mvumpa belount.
Hertha Berlin a Mainz trenne sech iwwerdeems och 1:1, woubäi de Leandro Barreiro de Mainzer Gol virbereede konnt.
An engem intensiven Owesmatch ass et fir d'100. Kéier an der Bundesliga zum Revéier-Derby tëscht Schalke an Dortmund komm. Wéi erwaart hat de BVB méi vum Spill, et war awer en Distanzschoss vum Schlotterbeck, deen d’Visiteuren no 38 Minutten a Féierung bruecht huet. Kuerz virun der Paus konnt de Bülter no engem séiere Schalker Ugrëff allerdéngs ausgläichen. Dësen 1:1 sollt awer net laang halen, well de Guerreiro just e puer Minutten drop déi Schwaarz-Giel nees a Féierung geschoss huet. Ronn 10 Minutte viru Schluss hunn d’"Knappen” dunn op en Neits duerch de Karaman kënnen ausgläichen. Sou trenne sech déi zwee Rivale mat 2:2, woumat Dortmund elo nees 2 Punkte Réckstand op d’Bayern huet.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.