No de Kompetitiounen op all de Geräter huet sech d’Céleste Mordenti am Mehrkampf op der 8. Plaz klasséiert. An der Finall vum Stufebarren a Schwebebalke koum déi jonk Lëtzebuergerin zweemol op déi gutt 2. Plaz.
Bei den Hären huet de Quentin Brandenburger och gutt Leeschtunge gewisen. Am Mehrkampf gouf hien de 7. ënner 9 Konkurrenten. Hie stoung och a 5 Finallen vun den eenzelen Disziplinnen. Um Reck huet hie sech op der 3. Plaz klasséiert.
Bei de Junioren hu sech de Ronan Finley an de Mathis Kayser am Mehrkampf op de Plaze 5 a 7 ënnert 15 Konkurrente klasséiert.