DammefuttballD'Comeback-Story vum Kim Olafsson geet weider

Tim Hensgen
D'Kim Olafsson wiesselt bei den SV07 Elversberg an déi zweet däitsch Bundesliga.

Déi 22 Joer al Stiermerin huet vun 2014 u beim 1.FFC Frankfurt (haut Eintracht Frankfurt) gespillt, fir d’éischt fir d’U17 an dono fir déi zweet Ekipp an der 2.Bundesliga.

D’Kim Olafsson hat an de leschte 4 Joer, ëmmer erëm mat Blessuren ze kämpfen an huet am Abrëll bei der 2-1 Victoire géint de Liechtenstein no 19 Méint Paus hiert Comeback gefeiert.

D’Nationalspillerin kombinéiert an Zukunft Futtball a Studium.

Beim SV07 Elversberg huet Kim Olafsson e Kontrakt vun engem Joer ënnerschriwwen. De Veräin aus dem Saarland ass um Sonndeg no enger 1-0 Victoire am Retoursmatch géint Siegen (Allermatch och 1-0) vun der 3. an déi 2. Bundesliga opgestigen.

Back to Top
CIM LOGO