COMEBACK STORY vum Kim OlafssonÉischte Match am Abrëll no 19 Méint Paus?

RTL Lëtzebuerg
No engem 24 Minutte kuerze Comeback no enger laanger Verletzungspaus huet sech déi jonk Spillerin eng weider Kéier um Knéi blesséiert.

Mat 15 Joer war d’Kim Olafsson dat gréisste Lëtzebuerger Talent am Dammefuttball. Mat Kanech huet si 2014 d’Coupe gewonnen an 2 Frëndschaftsmatcher fir d’A-Nationalekipp gespillt. Am Summer koum de Wiessel bei den FFC Frankfurt. Bei der U17 huet d’Kim richteg ageschloen a sollt dann och relativ séier 2. Bundesliga spillen.

Goal - De Football zu Lëtzebuerg
Déi grouss Matcher, Hannergrënn a Reportagen, Klibb, Spiller a Fans ... De grousse Magazin zesumme mat der FLF all Méindegowend nom Journal op der Télé.

D’Kim Olafsson ass d’Meedche vun der Squash Nationalspillerin Françoise Donven a vun engem Pilot mat islännesche Wuerzelen. A wéinst deene konnt d’Kim och fir hir zweet Heemescht Island bei der U17-EM-Endronn géint Spunien, England an Däitschland untrieden.

Den 1.4.2017 koum dunn awer de Choc. D’Kim Olafsson räisst sech bei engem Match géint den 1.FC Köln d’Kräizbänner. E laange Leidenswee fänkt un. D’Stiermerin gëtt ze séier vun den Doktere an senge Trainer erëm op den Terrain geschéckt a blesséiert sech dann och nach zwee Mol schlëmm um Innemeniskus. Wéinst dëse schwéiere Blessuren um lénkse Knéi konnt d’Kim an de leschte 4 Joer och nëmme 4 Matcher spillen. De leschten am September 2019.

No der leschter OP huet d’Kim Olafsson decidéiert, hir Reha zu Lëtzebuerg ze maachen. Mat Hëllef vun der Famill an dem Kiné Ben Moes ass et lues a lues erëm biergop gaangen.

Och den neie Dammen-Nationaltrainer Dan Santos huet si ënnerstëtzt an erëm an den A-Kader integréiert. Parallel trainéiert d’Kim beim Lihps a kann duerch de Programm return to sports endlech erëm un e Comeback denken. An deen ass fir am Abrëll a Liechtenstein geplangt.

D’Kim Olafsson huet den Dram vun enger Profikarriär net opginn a wëll och erëm am Ausland spillen. Et gëtt awer och e Plang B, deen d’Kim parallel verfollegt. An dat sinn d’Studie fir Sportsproff. Bis elo huet d’Kim Olafsson sech vu näischt ënnerkréie gelooss an duerch Motivatioun, d’Léift zum Futtball an enger grousser Portioun Disziplin kämpft si weider fir hir Ziler.

Back to Top
CIM LOGO