
Am Match ëm déi 3. Plaz an der Qualifikatiounsgrupp fir d’Champions League huet déi albanesch Lokalekipp fréi fir kloer Verhältnisser gesuergt. Duerch 3 Goler bannent 6 Minutten no ronn enger hallwer Stonn ass et mat engem däitlechen Avantage fir Shkodra an d’Kabinne gaangen, deen de Racing am zweeten Duerchgang net méi ophuele konnt.
De lëtzebuergesche Champion verpasst domat déi 3. Plaz an der Grupp, mat där ee sech fir deen neien Europa Cup qualifizéiert hätt.