American FootballDe Carl Nassib huet sech als schwul geout

RTL Lëtzebuerg
Fir d’éischte Kéier iwwerhaapt an der Geschicht vun der NFL huet sech e Méindeg en aktive Spiller als homosexuell geout.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/File/Ethan Miller

De Carl Nassib vun de Las Vegas Raiders huet mat deem groussen Tabu gebrach an e Video online gesat, wou hie sech zu senger Homosexualitéit bekennt. Dat gouf et virdrun an der American Football Liga nach ni. Hie géif hoffen, anere Spiller mat sengem Schratt Mutt ze maachen.

D’Aktioun ass vu ville Säiten ganz positiv opgeholl ginn. Et wier wichteg, datt kee sech bräicht ze verstoppen, heescht et och vun der NFL selwer.

Back to Top
CIM LOGO