
Am Basket huet de Weekend bei den Hären an den Dammen déi nei Saison ugefaangen.
Éischt Victoire am éischte Match gouf et bei den Häre fir den T71. D’102:97-Victoire (29:28, 17:27, 30:14, 26:28) zu Conter war awer alles anescht wéi einfach. Et war nämlech d’Lokalekipp, déi besser an der Match komm ass. No enken éischten 10 Minutte louchen Andjelkovic a Co. mat 55:46 an der Paus a Féierung. Am drëtte Véierel sinn déi Diddelenger du besser an de Match komm, hu besser getraff an esou huet een et fäerdeg bruecht, fir d’Partie ze dréinen. Mat engem Avantage vu 7 Punkten ass et beim Stand vu 76:69 an déi lescht 10 Minutte gaangen. Conter ass et hei gelongen, fir nach eng Kéier beim Score vun 80:81 op ee Punkt erunzekommen, ma den T71 huet d’Nues vir behaalen an de Match um Enn mat 102:97 gewonnen. Beschte Scorer bei der staark verännert Ekipp vum T71 war den Dixson mat 38 Punkten.

D’Pikes hu sech iwwerraschend misse mat 66:82 (17:21, 12:23, 13:19, 24:19) géint Hiefenech geschloe ginn.
Eng Defaite gouf et fir de Racing géint Esch. Mat 66:81 (15:23, 13:17, 18:20, 20:21) hunn déi Stater, déi mat engem Amerikaner gespillt hunn, verluer.
A Walfer war der Etzella knapp mat 89:93 (20:25, 28:20, 16:31, 25:17) ënnerleeën.
E Freideg schonn hat sech d’Arantia bei der Sparta duerchgesat.

Bei den Dammen ass de Champion Diddeleng mat enger Victoire an déi nei Saison gestart. Mat 73:65 (19:20, 21:10. 18:19, 15:16) war een de Pikes iwwerleeën.
Den Opsteiger Wolz huet d’Sparta duerch ee staarke leschte Véierel iwwerraschend mat 74:70 (8:14, 19:23, 18:19, 29:14) geklappt.
A Walfer huet no enger staarker éischter Hallschent däitlech mat 91:73 (30:18, 26:20, 18:16, 17:19) géint d’Etzella gewonnen.