LiichtathletikDe Championnat de Relais zu Gréiwemaacher

Tom Flammang
Um Stade op Flohr zu Gréiwemaacher war e Samschdeg de Mëtteg eng méi lass.
Championnat de Relais zu Gréiwemaacher
E Samschdeg waren am Stade op Flohr zu Gréiwemaacher nees Kompetitiounen.

Trainer an Athlete si besonnesch fir d‘Staffel Kompetitiounen ëmmer liicht nervös a ginn hir d’Bescht fir de Veräin. Dat gëlt och fir de Christophe Bestgen. Den Trainer vum Stater CSL war als Athlet selwer 2010 bei enger Europameeschterschaft dobäi a kennt de spezielle Flair vun sou Staffel Kompetitiounen. Och wann de fréieren Athlet selwer elo net méi um Depart steet, war bei him de Mëtteg eng gewëssen Uspanung ze spieren

Bei den Damme gouf et iwwer 3 x 800 Meter bei de Senioren eng kloer Victoire fir den Organisatiouns-Veräi vu Gréiwemaacher. Iwwerdeems konnt bei den Hären op der 3x 1000 déi jonk Fola Ekipp déi favoriséiert Dikrecher klappen.

Och muer geet et zu Gréivemaacher mat de Kompetitioune weider. Do steet dann den 2ten Dag vum Decathlon bei den Hären an Heptathlon bei den Dammen um Programm.

Back to Top
CIM LOGO