Out am Virlaf op der WM zu TokioDe Charel Grethen ass seng lescht 1500 Meter gelaf

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg ass dem Lëtzebuerger fir den Ofschloss vu senger internationaler Karriär de Sprong an déi nächst Ronn net gegléckt.
© FLA

Op der Liichtathletik-Weltmeeschterschaft zu Tokio a Japan ass de Charel Grethen iwwer 1500 Meter seng lescht Course gelaf. De Chrono ass bei 3 Minutten, 41 Sekonnen an 18 Honnertstel stoe bliwwen. Den 33 Joer ale Mëttelstreckeleefer gouf den 12. a senger Serie a koum domat net an déi nächst Ronn.

De Grethen, deen op den Olympesche Spiller 2021 zu Tokio bis an d’Finall komm war, zitt elo e Schlussstréch ënnert seng international Karriär. Am Kader vum 25. Gebuertsdag vum CSL wäert de Lëtzebuerger Athlet no 27 Joer Liichtathletik Enn September seng allerlescht Course an der Stad op der “Lëtz Mile” lafen.

Back to Top
CIM LOGO