Vu Polen an d'BelschDe Chris Philipps huet een neie Veräin fonnt

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Nationalspiller wiesselt vu Legia Warschau bei Lommel SK an déi zweet belsch Divisioun.
© Lommel SK

Nodeems de Chris Philipps an de leschte Méint bei Legia Warschau am polnesche Championnat net méi zum Zuch komm ass, wiesselt de Lëtzebuerger Nationalspiller, deem säi Kontrakt ausgelaf ass, bei Lommel SK an déi zweet Divisioun an der Belsch.

De Chris Philipps huet ee Kontrakt vun engem Joer mat enger Optioun op eng weider Saison ënnerschriwwen.

Den 2. Februar spillt de Philipps mat Lommel virun den eegene Spectateure géint Virton. Hei trëfft hien op eng ganz Partie Kolleegen aus der Nationalekipp.

Back to Top
CIM LOGO