ITF-Tennis-Tournoi zu EschDe Chris Rodesch steet an der Véierelsfinall

RTL Lëtzebuerg
Den Alex Knaff huet sech iwwerdeems an 2 Sätz mat 6:3 a 6:4 géint de Martin Tiffon aus Spuenien misse geschloe ginn.
© AFP

De Lëtzebuerger Davis-Cup-Spiller Chris Rodesch konnt sech en Donnechdeg am zweeten Tour vum ITF-Tennis-Tournoi zu Esch an zwee Sätz mat 6:3 a 6:4 géint säi belsche Kontrahent Simon Beaupain behaapten. An der Véierelsfinall trëfft hien elo op den däitsche Sebastian Fanselow.

Am Dubbel steet den Duo Knaff/Rodesch an der Halleffinall, dëst nodeems se per “walk-over” géint den Duo Hardt/Oliel weiderkomm sinn. An der Halleffinall treffe si elo op den däitsch-hollänneschen Duo Hermans/Wehnelt.

Back to Top
CIM LOGO