
Den Arno Michels, deen zu Tréier gebuer gouf, ass schonns zanter 2009 un der Säit vum däitschen Erfollegstrainer Thomas Tuchel. Dat heescht an de leschten 10 Joer war den 51 Joer alen Däitschen dann och mat zu Mainz, zu Dortmund an elo och beim PSG. Mam Tuchel zesumme konnt hie bis elo zwee Titele gewannen: den DFB-Pokal an der Saison 2016/2017 mat Dortmund an déi franséisch Supercoupe an der Saison 2018/2019.
Den Arno Michels huet an eisem Interview dann och gesot, dass een duerch déi laang Zesummenaarbecht dann och eng richteg Frëndschaft opgebaut hätt.
D’Froe goufe gestallt vum Jeff Kettenmeyer.
D’Froe goufe gestallt vum Jeff Kettenmeyer.