
Bekannt gouf den Arthur Thill haaptsächlech duerch seng Foto vum Jos Verstappen sengem Benetton, wéi deen 1994 um Hockenheimring beim Tanken a Flamen opgaangen ass.
Den Arthur Thill huet déi lescht Joren zu München gelieft, ass awer gebierteg vu Lëtzebuerg. Als Teenager huet hie seng Léift fir d’Fotografie entdeckt an huet fréi ugefaangen, grouss Sporteventer ze fotograféieren. Do virdrun huet een hien och alt emol méi dacks um Futtballsterrain vum FC Avenir Beggen gesinn, mam Fotoapparat vu sengem Papp. 1976 huet hien zu Innsbruck seng éischt Olympesch Spiller dierfe fotograféieren an et sollten der nach eng sëllegen hannendru kommen, souwuel Wanter- wéi och Summerspiller.

Duerno huet sech den Arthur Thill och fir den Automobilsport interesséiert. Eng Foto, déi hie gemaach huet, ass dann och uechter d’Welt gaangen. Et war dëst 1994 um Hockenheimring, wéi de Benetton vum Jos Verstappen beim Tankstopp a Flamen opgaangen ass. Den Arthur Thill stoung direkt niewendrun an huet Blëtzschnell reagéiert an de Flameninferno am Bild festgehalen.

1995 krut den Arthur Thill e “World Press Photo Award” fir seng Fotoserie am Zesummenhang mat deem Brand. Hien ass bis elo deen eenzege Lëtzebuerger, deen dëse prestigiéise Präis kritt huet.
Den Olympesche Comité huet déi Foto 1996 zu Atlanta dann och als bescht olympesch Foto vum Joer ausgezeechent, wat dach éischter ongewéinlech ass. D’Foto gouf dunn zu Atlanta ausgestallt, éier se am Kader vun enger Expo den Tour duerch d’USA gemaach huet.

Och déi Joren duerno war den Arthur Thill reegelméisseg bei der Formel 1 am Asaz an huet hei och sëllege Vedette virun d’Lëns kritt.
Den Arthur Thill huet sech och staark engagéiert fir de Lëtzebuerger Nowuess am Automobilsport am Bild festzehalen respektiv hir Karriär ze fërderen. Sou huet hien an de leschte Joren zum Beispill den Dylan Pereira bei ville vu senge Coursse begleet an och ëmmer dofir gesuergt, dass d’Press Fotoe vu sengen internationale Succèse kritt huet.

Nach e Samschdeg am Laf vum Dag hat den Arthur Thill Fotoe vum Dylan Pereira senger Course am Porsche Carrera Cup Asia un d’RTL-Redaktioun geschéckt. Kuerz drop sollt hie ganz onerwaart stierwen. Hien hannerléisst seng Fra Ranka Thill a säi Bouf Jean-Pierre Thill, deen iwwerdeems d’Foto-Agentur ATP weiderféiere wäert.
Senger Famill dréckt d’RTL-Redaktioun hiert Bäileed aus.