Am Alter vun 79 JoerDe fréiere Jeunesse-Spiller an DP-Politiker René "Bridi" Quintus ass dout

RTL Lëtzebuerg
De René Quintus koum 1946 zu Esch-Uelzecht op d'Welt.
© Facebook.com / DP- Sektioun Esch

Hien huet vu klengem u bei der Escher Jeunesse Futtball gespillt a war an der zweeter Hallschent vun den 1960er Joren als Defenseur Deel vun der éischter Ekipp vum Lëtzebuerger Rekordchampion.

Als Spiller konnt de René Quintus, dee villen als “Bridi” bekannt war, dann och selwer e puer Meeschterschafte feieren.

No senger sportlecher Karriär war hie bei der Escher DP politesch aktiv.

De René Quintus ass en Dënschdeg am Alter vun 79 Joer gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO