De Promi-Spot mam Amy Thompson"De Futtball huet mech ni méi lassgelooss"

RTL Lëtzebuerg
D'Amy Thompson ass Rekordspillerin vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp vun den Dammen. Si huet eis mat an d'Nonnewisen zu Esch geholl.
De Promi-Spot mam Amy Thompson
D’Amy Thompson ass Rekordspillerin vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp vun den Dammen.

Aktuell ass si bei 51 Matcher vun de Roude Léiwinnen an den Asaz komm a konnt 35 Mol fir d‘Lëtzebuergerinnen treffen. Scho mat 16 Joer konnt dat jonkt Talent am Trikot vun de Roude Léiwinnen hir Première feieren.

Mat Veräiner an Däitschland an och op der Uni an den USA, wou si als Spillerin vum Joer ausgezeechent gouf, bréngt déi gebierteg Déifferdengerin mat britteschen Originnen eng jett international Erfarung mat op den Terrain.

Momentan spillt si fir den FC Déifferdeng. Ma d’Amy Thompson setzt sech fir d’Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra am Sport an. Sou bereet si de Wee vir, fir déi nächst Generatioun u jonke Futtballspillerinnen.

Hei fannt Dir all d’Episode vum Promi-Spot.

Back to Top
CIM LOGO