Um Wee un d'WeltspëtztDe Gil Nicolas lieft fir den Hyrox

RTL Lëtzebuerg
De 34 Joer ale Gil Nicolas lieft fir den Hyrox. Eng nei Fitness Sportaart, bei där Kraaft a Vitess openeentreffen.
De Gil Nicolas lieft fir den Hyrox
Hyrox ass eng nei Fitness Sportaart, bei där Kraaft a Vitess openeentreffen.

De Lëtzebuerger Athlet stoung bei de leschten 3 Weltmeeschterschaften als eenzege Lëtzebuerger um Depart.

Hyrox ass eng Sportaart fir jiddereen. Dowéinst trainéiert de Gil am léifste mat senger Ekipp, an där säi Papp och mat him trainéiert. 8 Statiounen tëscht deene jeeweils ee Kilometer gelaf gëtt. Gewannen deet deen, deen de Parkour am séiersten hannert sech bréngt.

Nodeems de Gil schonn dräi Mol bei der Weltmeeschterschaft dobäi war, konnt den Athlet seng éischt Victoire zu Karlsruhe an der Pro-Kategorie feieren. Eng Victoire, déi hien an d’Top 20 vun der Welt geschoss huet. Den nächste gréissere Rendez-vous fir de Gil Nicolas ass den 13. Dezember zu Frankfurt. Do trëtt en dann an der Pro-Kategorie géint d’Weltspëtzt am Hyrox un.

Back to Top
CIM LOGO