
Dat a senger Funktioun als Member vum olympesche Comité.
Nieft der Ried vum chinesesche President waren et Interventioune vum IOC-President Thomas Bach a vum UN-Generalsekretär Antonio Guterres.

De Grand-Duc Henri ass jo den Ament op den olympesche Wanterspiller zu Peking, als Member vum Olympesche Comité. E Sonndeg hat de Staatschef awer och eng Entrevue mam chineesesche President Xi Jinping. Dëst Gespréich war am Viraus mat der Lëtzebuerger Regierung ofgeschwat ginn, seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. De Grand-Duc wier vum chineesesche Staatschef invitéiert ginn an hätt doropshi mat him geschwat, sou de Chefdiplomat.
“Ech hu mam Grand-Duc mech ganz ganz laang ënnerhalen doriwwer, de Grand-Duc ass op mech zoukomm an ech hunn him och dat gesot, déi Punkten, déi hie soll evoquéieren, en huet dat och gemaach. An dat war un éischter Stell de Punkt, dass jo och de chineesesche President de President Putin gesinn huet a wéi de Grand-Duc do war, war de Putin net méi do. Mee ech hunn him gesot, a mengen Ae muss een alles maachen, och mat de Chinesen, dass se Drock maachen op de Chef vum Kreml, fir dass et net zu enger Interventioun kënnt. An dat huet de Grand-Duc och kloer gemaach.”
“Dir braucht net ze fäerten, datt de Grand-Duc een ass, deen net versteet wat d’Defense vun de Mënscherechter ass”, esou nach de Jean Asselborn, ma do wier et och wichteg an der Diplomatie mat deenen ze schwätzen, wou een eppes verbessere kéint.