Basketball-Championnat DammenDe Gréngewald Hueschtert ass fir déi drëtte Kéier noenee Champion

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch gouf an der Finall bei den Dammen an der Enovos League den drëtte Match vun der "Best-of-Five"-Serie gespillt.
De Gréngewald Hueschtert ass fir déi drëtte Kéier noenee Champion
D’Ekipp setzt sech doheem mat 71:62 géint d’Sparta Bartreng duerch a wënnt domat d’Finallserie kloer mat 3:0.

Fir déi drëtte Kéier noenee ass de Gréngewald Hueschtert Champion vu Lëtzebuerg. D’Ekipp setzt sech doheem mat 71:62 géint d’Sparta Bartreng duerch a wënnt domat d’Finallserie kloer mat 3:0. Fir de Veräin ass et de véierte Championstitel an der Geschicht.

Bei den Häre konnt d’Etzella Ettelbréck duerch e Krimi zu Diddeleng mat 2:0 a Féierung goen.

Am decisive Match konnt sech de Gréngewald séier eng Féierung rausspillen. D’Lokalekipp ass duerch e staarkt Alexus Johnson mat enger 45:36 Féierung an d’Paus gaangen. Bartreng ass et zum Optakt vun der zweeter Hallschecht gelongen, sech bis op 4 Punkten erun ze kämpfen an huet net labber gelooss, ëmmer nees konnt een de Réckstand kierzen am Laf vun der zweeter Hallschecht. Hueschtert hat allerdéngs ëmmer eng Äntwert parat a konnt sech um Enn freeën.

D'Tessy Hetting bléck op den Doublé vum Gréngewald
No der Coupe huet de Gréngewald och de Championstitel gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO