SchisprangenDe Halvor Egner Granerud gewënnt zu Engelberg

RTL Lëtzebuerg
De 24-Järegen Norweger kann och zu Engelberg gewannen. Op déi 2. Plaz flitt de Kamil Stoch, Drëtte gëtt den Ante Lanisek.
© AFP (ARCHIV)

Nom 1. Duerchgang louch den Norweger Halvor Egner Granerud (133,5 Meter) mat nëmmen engem hallwe Punkt virum Pol Kamil Stoch (134 Meter) a Féierung. De Pol louch senger säits nëmmen 1.5 Punkte virum Slowen Anze Lanisek, deen op 137,5 Meter gesprongen ass, awer manner Pluspunkte wéi de Kamil Stoch krut. De Gewënner aus der Qualifikatioun Yujiya Sato ass mat nëmmen 116 Meter net an den 2. Duerchgang komm. Och de Robert Johansson hat Problemer bei ganz schwéiere Wand Bedéngungen e wäite Sprong op d’Schanz hinzekréien. 104 Meter si fir de Norweger net duer gaange fir et an de 2. Duerchgang et ze paken.

Do hunn déi véier Ééischt aus dem 1. Duerchgang d’Victoire ënnert sech ausgemaach. Den Halvor Egner Granerud behaapt säi Virsprong virum Kamil Stoch an dem Anze Lanisek. De Markus Eisenbichler flitt um Enn op déi 4 . Plaz.

Dat nächste Sprangen ass d’Véier-Schanzen-Tournée, déi den 28. Dezember zu Oberstdorf starte wäert.

Back to Top
CIM LOGO