BiathlonDe Johannes Thingnes Bö léisst senge Kontrahenten keng Chance

RTL Lëtzebuerg
Am Biathlon stoung zu Hochfilzen an Éisträich bei den Dammen eng Staffel a bei den Hären eng Poursuite um Programm.
© AFP

Den norwegesche Favorit Johannes Thingnes Bö huet och zu Hochfilzen dominéiert an trotz zwee Feeler no 33 Minutten, 50 Sekonnen a 70 Honnertstel gewonnen, woumat hie seng Féierung am Weltcup weider ausbaut. Säi Landsmann Sturla Holm Laegreid ass mat engem Réckstand vu 47.9 Sekonnen den 2. ginn, wärend de Fransous Emilien Jacquelin op déi 3. Plaz komm ass.

Bei den Damme gouf et an der zweeter Staffel vun der Saison eng Victoire fir Frankräich. Mat enger Zäit vun enger 1:14:27.1 Stonnen haten déi véier franséisch Athletinnen um Enn eng Avance vun 10.2 Sekonnen op d’Schwedinnen, déi sech 9 Feeler geleescht haten. Komplettéiert gouf de Podium vun Italien mat engem Retard vun 18.5 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO