
De PSG an de Mbappé wieren zanter zwee Joer ganz enk matenee verbonnen an dat wier och déi nächst Saison de Fall, sou de Veräin e Méindeg den Owend op Twitter.
Nodeems hien zum beschte Spiller vun der Saison an der Ligue1 gewielt gi war, waren e Sonndeg Spekulatiounen iwwert ee Wiessel opkomm. Den 20 Joer ale Kylian Mbappé war virun 2 Joer vum AC Monaco bei de PSG gewiesselt. Dësen Transfert hat deemools mat 180 Milliounen Euro zu Buch geschloen. Säi Kontrakt leeft nach bis Enn Juni 2022.