
Bei den Häre konnt de Lucas Braathen sech souverän duerchsetzen an domat seng drëtt Weltcup-Victoire feieren. Mat enger Zäit vun 1:38.14 ass de Norweger als séiersten ënnen ukomm, dat virum Éisträicher Manuel Feller (+0.84 Sekonnen) an dem Schwäizer Loïc Meillard (+0.98 Sekonnen).
Bei den Damme war et d’Schwäizerin Wendy Holdener, déi mat enger Zäit vun 1 Minutt, 56 Sekonnen an 29 Honnertstel d’Victoire feiere konnt. Zweet ass d’US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin mat engem Retard vu 47 Honnertstel, d’Slowakin Petra Vlhová (+0.70 Sekonnen) huet et op déi drëtte Plaz gepackt.