Champions LeagueDe Match tëscht Tottenham a Bayern München gëtt live iwwerdroen

RTL Lëtzebuerg
Optakt vum 2. Spilldag an der Gruppephase vun der Futtball-Championsleague. Gespillt gëtt an de Gruppen A bis D.

Schonn um 18.55 Auer ginn zwou Partien ugepaff. Et ass dat am Grupp A Real Madrid géint den FC Bruges an am Grupp C d’Partie tëscht Atalanta Bergamo a Schachtjor Donezk.

Um 21 Auer fänkt d’Partie tëscht Tottenham a Bayern München un. Si gëtt live um 2ten RTL an am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.

Galatasaray Istanbul kritt et mam Paris SG ze dinn, de Roude Stär Belgrad spillt géint Olympiakos, Manchester City huet Dinamo Zagreb op Besuch, Juventus Turin trëtt géint Bayer Leverkusen un a Lokomotiv Moskau trëfft op den Atletico Madrid.

E Mëttwoch gëtt dann an de Gruppen E bis H gespillt.

Back to Top
CIM LOGO