
De Lëtzebuerger huet an der 53. Minutt den 3:0 virbereet.
Um Sonndeg huet de Maxime Chanot mat sengem Veräin New York City eng 1:3-Defaite géint Real Salt Lake missen astiechen. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung iwwert déi ganz 90 Minutten um Terrain.
An der Super League an der Schwäiz stoung den 3. Spilldag um Programm. Hei konnte sech d’Young Boys vu Bern mam Christopher Martins mat 2:0 géint den FC Lugano duerchsetzen. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain.
An der Ukrain verléiert de Marvin Martins, deen de ganze Match gespillt hat, mat Karpaty Lviv mat 0:3 zu Donezk.
An a Russland war e Sonndeg den Owend nach den Olivier Thill mam FK Ufa am Asaz. No 90 Minutte gouf et auswäerts een 0:0-Gläichspill géint Sochi. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun a gouf an der 86. Minutt ausgewiesselt.
An der Partie tëscht dem Karlsruher SC an Dynamo Dresden ass den Dirk Carlson e Samschdeg an der 79. Minutt fir d’Lokalekipp op den Terrain komm. Sekonne méi spéit huet de Lëtzebuerger Nationalspiller bewisen, datt seng Awiesselung berechtegt war, well hien huet direkt e Gol virbereet. Nom Carlson senger Viraarbecht war et de Stiefler, dee fir Karlsruhe de 4:1 geschoss huet. Um Enn huet d’Lokalekipp mat 4:2 géint Dresden gewonnen. Fir de KSC ass et déi 2. Victoire um 2. Spilldag an der 2. Bundesliga an Däitschland.
An der 3. Bundesliga huet Kaiserslautern mat 2:3 géint Preussen Münster de Kierzere gezunn.
An der Proximus League an der Belsch huet Virton den Optaktmatch mat 0:1 zu Louvain verluer. D’Lëtzebuerger Kevin Malget, David Turpel an Anthony Moris stounge beim Opsteiger an der Startformatioun.
An der Ukrain huet Dynamo Kiew auswäerts mat 3:0 géint Lviv gewonnen. De Gerson Rodrigues stoung bei Kiew awer nach net am Kader, eréischt e Freideg hat hie jo säi Kontrakt beim ukrainesche Veräin ënnerschriwwen.
An der 3. Däitscher Futtball-Bundesliga leeft et weiderhi gutt fir de Jeff Saibene op der Trainerbänk zu Ingolstadt. Fir de Lëtzebuerger a seng Ekipp gouf et e Freideg den Owend um 4. Spilldag déi 3. Victoire fir dës Saison. Et huet ee mat 3:0 géint d’Würzburger Kickers gewonnen. An der provisorescher Tabell steet Ingolstadt op d’mannst bis e Samschdeg un der Spëtzt.
An der Ligue 2 a Frankräich war de Vincent Thill mat Orléans am Asaz. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet mat senge Co-Equipieren doheem 0:1 géint Chambly verluer. De Vincent Thill gouf an der 74. Minutt ausgewiesselt.