
De Mike Bast war eisen Invité an eiser Sportemissioun um Sonndegowend tëscht 19 an 20 Auer. Mam Trainer vu Rued hu mer nach eng Kéier iwwert d’Victoire vu senger Ekipp an der Finall vun der Coupe de Luxembourg géint Hueschtert-Foulscht geschwat. „Et ass en historesche Moment fir de Veräin”, sot de Mike Bast, „ëmmerhin ass et deen éischten Titel bei de Senioren an der Geschicht vum Club.
Wat och ganz flott ass, ass, datt hien eng Mixed-Ekipp trainéiert, mat de Spiller Peter Musko, José Lavado, Tessy Gonderinger, sou de fréieren Nationalspiller. Am Championnat ass elo emol d’Zil, fir an d’Halleffinall ze kommen.
Wat den Nowuess am Club ugeet, ass de fréiere Spiller vun Diddeleng, dee mat der Ekipp aus der Forge du Sud 5 Championstitelen a 4 Mol d’Coupe gewonnen huet, zouversiichtlech.