
“Mir soen traureg Äddi vum Ernst Huberty. Als “Mr. Sportschau”, wéi hie vum Public genannt gouf, huet hien als éischte Moderator dës Sendung staark gepräägt: an aller Rou a mat grousser Seriositéit”, sou de WDR Intendant Tom Buhrow.
Den Ernst Huberty huet de 4. Juni 1961 déi alleréischt Sportschau moderéiert. Onvergiesslech bleift ënnert anerem wéi hien d’Joerhonnertspill tëscht Däitschland an Italien an der Halleffinall vun der WM am Joer 1970 zu Mexiko kommentéiert huet.
De Papp vum Ernst Huberty war iwwregens Lëtzebuerger an huet mat senger Famill zu Tréier gewunnt an ass dunn 1932 mat dëser op Koblenz geplënnert.