Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDe Olivier Thill hëlt mat Ufa ee Punkt

RTL Lëtzebuerg
De Florian Bohnert konnt mat sengem Gol fir d'Victoire vu Pirmasens suergen.

Sonndeg

An der russescher éischter Divisioun war den Olivier Thill mat Ufa géint Krylja Sowjetow Samara gefrot. Beim 1:1 an dësem Duell gouf de lëtzebuerger Nationalspiller an der 67. Minutt agewiesselt. An der 4. Minutt vun der Nospillzäit war Ufa eréischt den 1:1 gelongen.

Samschdeg

An der Regionalliga Südwest war de Florian Bohnert mam FK Pirmasens erfollegräich. De Lëtzebuerger Nationalspiller konnt mat sengem Gol an der 56. Spillminutt fir d'1:0-Victoire vun der Heemekipp géint Worms suergen.

Och de Maurice Deville war an der Regionalliga Südwest am Asaz. Beim 1:0-Erfolleg iwwer den SV Elverberg huet de Lëtzebuerger zwar net kënne markéieren, ma hie stoung awer déi komplett Spillzäit iwwer fir seng Faarwen um Terrain. Iwwerdeems gouf den Aldin Skenderovic bei Elversberg net berücksichtegt.

Freideg

Ligue 2

An der zweeter Franséischer Liga waren direkt zwee Lëtzebuerger am Asaz. D’Ekipp vum Laurent Jans, deen de ganze Match op der Bänk souz, konnt sech 3:0 doheem géint Valenciennes duerchsetzen an ass elo offiziell Champion vun der Ligue 2. Detailer bei de Kollege vu 5Minutes.

© France Knaff

https://5minutes.rtl.lu/sport/local/a/1342835.html

De Christopher Martins konnt sech dann och mat Troyes doheem géint Nanzeg duerchsetzen, dat mat 2:1. De Lëtzebuerger huet déi ganz 90 Minutte gespillt. Getraff hunn de Raveloson (5') an den Fortune (93') fir Troyes, de Marveaux hat no 10 Minutte vum Punkt ausgeglach. Troyes ass aktuell drëtten am Championnat, mat 4 Punkte Réckstand op Brest, bei nach 2 Matcher ze spillen. Sécher hu si sech awer scho fir d’Barrage qualifizéiert.

National
An der National a Frankräich war de Vincent Thill e Freideg den Owend mat Pau am Asaz. De Lëtzebuerger huet de Match mat ugefaangen an huet den tëschenzäitlechen 2:0 fir seng Ekipp virbereet, de Match ass mat 3:1 fir Pau géint Cholet ausgaangen.

J-League

An der japanescher J-League huet de Gerson Rodrigues an der Nospillzäit den 1:0 fir Jubilo Iwata markéiert. De Lëtzebuerger huet déi ganz Partie géint d’Urawa Red Diamonds duerchgespillt a senger Ekipp déi zweet Victoire an dëser Saison geséchert.

Back to Top
CIM LOGO