Spuenesch FuttballfederatiounDe Pedro Rocha ersetzt de Luis Rubiales

RTL Lëtzebuerg
Déi spuenesch Futtballfederatioun huet um Freideg mam Pedro Rocha e Successeur fir den ëmstriddene Luis Rubiales genannt.

Ma och den neie President, deen elo schonn den Interim gemaach huet, ass net onëmstridden. Den 69 Joer ale Mann ass an eng Korruptiounsaffär verwéckelt. De Luis Rubiales sengersäits war jo wéinst der sougenannter Kuss-Affär no der Victoire vun der spuenescher Dammennationalekipp bei der Futtballweltmeeschterschaft zeréckgetrueden.

Back to Top
CIM LOGO