Zanter ville Jore sinn d’Golf-Terrainen nieft der Schoul dem Charel Weis säin zweet Doheem. Mam Ufank vun der Corona-Kris ass de Sport och fir den 19 Joer jonke Mann méi an den Hannergrond geroden. Op Première, Sektioun D, dat heescht Eko, ass de Charel Weis dëst Schouljoer.
De Plang no der Zäit am Sportlycée ass och schonn duerchduecht. Am Januar huet de Charel Weis sech op der Uni zu Aix-en-Provence ugemellt. Ekonomie well hien studéieren. Duerch déi ablécklech Pandemie begrenzt sech säin Training op de Gaart hannert dem Elterenhaus. Als duerchwuesse beschreift de Charel Weis d’Saison 2019.
