BGL LigueDe Progrès gewënnt den Derby zu Déifferdeng

RTL Lëtzebuerg
De Progrès Nidderkuer huet auswäerts Déifferdeng e Samschdeg den Owend keng Chance gelooss a sech mat 5:1 duerchgesat.
© Val Wagner

Um Samschdeg den Owend war et den Optakt vum 9. Spilldag am nationale Futtball-Championat mam Match Déifferdeng géint Nidderkuer.

FC Déifferdeng 03 - Progrès Nidderkuer 1:5
0:1 Francoise (11'), 0:2 Francoise (26'), 0:3 Almeida (51'), 1:3 Buch (63') 1:4 Tekiela (66'), 1:5 Shala (90'+1')

De Progrès huet vun Ufank un den Toun uginn an huet sech eng gutt Chance no där anerer erausgespillt. Sou war den 1:0 nëmmen eng Fro vun der Zäit. An der 11. Minutt huet et dunn och am Gol vun deenen Déifferdenger gerabbelt. No schéiner Viraarbecht vum Thill huet de Francoise am Strofraum fir seng Faarwe mam Kapp zum 1:0 markéiert. Säin 7. Gol an der Saison. Bis dohin eng absolut verdéngte Féierung. Déifferdeng ass absolut net an de Match komm an sou war et op en Neits de Francoise, dee geféierlech virum Gol opgetaucht ass an den 2:0 geschoss huet. An der 37. Minutt huet de Francoise säin 3 Gol geschoss, ma den Arbitter huet de Gol wéint Abseits nees zeréckgezunn. Domatt ass de Progrès mat enger 2:0 Féierung an Halbzeit gaangen.

An der 2. Halschent huet de Progrès do weider gemaach wou si virdrun opgehalen hunn. Per Fräistouss huet den de Almeida an der 53. Minutt op 3:0 erhéicht. 10. Minutte méi spéit konnt dunn de Buch fir déi Déifferdenger op 1:3 verkierzen, mä den Hoffnungsschimmer war nëmme vu kuerzer Dauer. 3 Minutte méi spéit konnt den Tekiela nämlech mam Kapp de Virsprong erëm op 3 Goler setzen. An der Schlussphas huet du Shala mam 5:1 dunn den Deckel dropgemaach.

D’Tabell vun der BGL Ligue

Den Iwwerbléck vun der Éierepromotioun

Back to Top
CIM LOGO