Et war dat d’Spëtzepartie Progrès Nidderkuer géint d’Escher Jeunesse, zwou Ekippen, déi bis déi lescht Woch nach europäesch waren.
An der Paus stoung et bei enger ganz gudder Kuliss vun 2.148 Spectateuren zu Nidderkuer 1-0 fir de Progrès; dëst no engem Goal vum Jacky Mmaee aus der 29. Minutt.
Allgemeng goufen wéineg Goalchancen notéiert. D’Lokalekipp hat méi vum Match.Déi vill Spectateuren hunn an der 54. Minutt e flotte Goal gesinn vum Nidderkuerer Emmanuel Françoise.An der 63. Minutt huet de gielschwaarze Defenseur Metin Karayer op 3-0 erhéicht.
De staarke Progrès huet der phaseweis iwwerfuerderter Jeunesse keng Chance gelooss an huet an der 71. Minutt nees mam Mmaee markéiert an zwar de 4-0.
Et ass fir d’Jeunesse dat selwecht Resultat wéi de leschten Donneschdeg zu Guimaraes an der Europa League.
D’Victoire vum iwwerzeegende Progrès ass absolutt verdéngt. D’Jeunesse huet enttäuscht.

Déi aner Partië vum 1. Spilldag goufe schonn e Sonndeg gespillt. Hei hat ënnert anerem de Champion Diddeleng mat 3:1 géint d’Millebaach gewonnen an d’Fola hat mat 1:2 géint Déifferdeng de Kierzere gezunn.
RTL-Artikel: Fola verspillt Féierung géint Déifferdeng, Diddeleng klappt d’Millebaach 3:1