BGL LigueDe Racing an d’Victoria deele sech d’Punkten

RTL Lëtzebuerg
De Swift Hesper wënnt iwwerdeems kloer bei der Etzella.

De Racing kënnt géint d’Victoria Rouspert net iwwert een 2:2-Remis eraus. Dobäi huet de Françoise no 25 Minutten nach den 1:0 fir de Stater Racing markéiert. Dës Féierung huet allerdéngs net laang gehalen, well de Bouché ronn 10 Minutten drop no engem Solo fir d’Victoria ausgläiche konnt. An der 78. Minutt war et dunn de Gaspar, deen de Match zu Gonschte vu Rouspert kuerzzäiteg dréine konnt, éier ee Selbstgol vum Feltes fir den 2:2 gesuergt huet. De Racing steet elo mat 10 Punkten aus sechs Matcher op der 4. Plaz, wärend et fir d’Victoria op Plaz 15 réischt den 3. Punkt war.

D’Etzella war zu Ettelbréck beim 0:4 ouni Chance géint de Swift Hesper. No enger knapper hallwer Stonn war et de Philippe, dee seng Faarwen a Féierung bruecht huet, éier hien nach virun der Paus mat sengem zweete Gol op 2:0 gesat huet. Ënner schwierege Wiederkonditioune huet Hesper weider no vir gespillt an no 58 Minutten duerch de Couturier op 3:0 erhéicht. 10 Minutten drop war et op en Neits de Couturier, dee mat engem weidere Gol fir d’Endresultat gesuergt huet.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO