
Am nationalen Dammefuttball-Championnat huet de Racing um 22. Spilldag a weidere Schrëtt a Richtung Championstitel gemaach. Véier Spilldeeg viru Schluss huet een nämlech d’Spëtzepartie beim Tabellenzweete Beetebuerg kloer mat 4:0 gewonnen. Un der Spëtzt huet de Stater Veräin elo mat engem Match manner eng Avance vu 5 Punkten. Donieft gouf et de Weekend och eng Néierlag fir Jonglënster. De Veräin huet mat 0:1 géint d’Entente Izeg / CeBra verluer. Duerch dës Defaite huet een elo e Réckstand vun 8 Punkten op de Leader Racing.