
Den Ament wou de Kader fir déi nächst Matcher an der WM-Qualifikatioun virgestallt gouf, ass an engems matgedeelt ginn, dass de Robert Lewandowski de Kapitän vun der Ekipp wäert sinn.
De 37 Joer ale Lewandowski war am Juni aus der Nationalekipp zeréckgetrueden, dat no engem Konflikt mam deemolegen Nationaltrainer Michal Probierz. Dësen hat dem Stiermer vum FC Barcelona de Kapitänsbändchen ofgeholl. Doropshin huet de Lewandowski matgedeelt, net méi ënnert dem Probierz ze spillen. Schlussendlech ass den Trainer zeréckgetrueden.
Elo wier déi ganz Diskussioun ee fir allemol eriwwer, sot den neien Trainer Jan Urban.