
An de Champion heescht Neapel. Mat engem Punkt Virsprong virum Titelverdeedeger Inter Mailand goung et an de Match géint den Tabelle-14te Cagliari um leschte Spilldag. Am heemeschen Diego-Maradona-Stadion huet Neapel säi Virsprong konnte mat engem 2:0 verdeedegen. Ma ganz einfach war et net. Eréischt an der 42. Minutt ass dem Scott McTominay den éischte Gol gelongen, de Romelu Lukaku konnt an der 51. Minutt op den 2:0 erhéijen.
Zäitgläich huet dann och Inter Mailand mat 2:0 géint Como gewonnen an hat bis zur leschter Sekonn op e Feeler vun Neapel gehofft. Ma déi Hoffnung sollt keng Friichten droen. Hätt Neapel just gläich gespillt an Inter an Neapel hätten d’selwecht vill Punkte gehat, wier d’Decisioun e Méindeg an engem K.-O.-Duell gefall.
Neapel ass domat fir d’véierte Kéier italieenesche Champion.
Inter Mailand ka sech dann elo op d’Champions-League-Finall den 31. Mee konzentréieren. Do kënne se hir Saison dann awer nach mat engem Titelgewënn ofschléissen, falls se sech zu München géint de PSG duerchsetze kënnen.