Georges EngelDe Sportminister iwwer seng nei Coordinatrice générale Vanessa Tarantini

Franky Hippert
Am Sportsministère gëtt et jo um Niveau vum héchste Beamten e Changement. D'Vanessa Tarantini kënnt als Coordinatrice générale am Plaz vum Laurent Deville.

Dee wiesselt an den Aarbechtsministère wiesselt. De Franky Hippert wollt vum Sportminister Georges Engel wëssen, wéi et zu dësem Choix koum:

Fir d’éischt war d’Vanessa Tarantini am Wirtschaftsministère, dunn am Ausseministère fir den Nation Branding, éiert si bei d’LSAP gewiesselt ass, wou si un der Säit vum Fraktiounspresident Georges Engel war. Wéi deen dunn Aarbechts- a Sportminister gouf, ass déi studéiert Ekonomistin mat an den Travail gaangen. Lo ass et also den Transfert an de Sport, dozou de Georges Engel: Et ass wichteg, datt ee sech mat Leit ëmgëtt, deenen ee fir d'1. emol vollst Vertrauen ka schenken, zweetens, wou ee jo och weess, datt ee gutt mat engem kann zesumme schaffen. Déi Erfarung mat der Madamm Tarantini hunn ech op 2 Plaze gemaach, an dofir war et fir mech och kloer, datt si meng nei Coordinatrice am Sport soll ginn. Si huet och Lienen zu Sport, ënnert anerem huet si hir Masteraarbecht iwwert de Sport geschriwwen.

D’Vanessa Tarantini muss sech natierlech elo emol an déi national Sportswelt aschaffen:

Sécherlech huet jidderee seng Aart a Weis ze schaffen an d’Madamm Tarantini huet seng och, an do wäert et sécherlech och déi eng oder aner Remaniementer ginn, mä virun allem geet et drëms, déi Leit, déi een huet, esou gutt wéi méiglech anzebannen an hinnen e Gefill vu Responsabilitéit a vu Vertrauen an vun enger gudder Zesummenaarbecht ze ginn, an do sinn ech ganz iwwerzeegt, datt dat elo gutt wäert klappen.

Ënnert dem Sportminister Romain Schneider gouf et och schonn e Coordinateur général mam Marc Mathekowitsch, do gouf et awer och nach e Commissaire aux sports. Ënnert dem Sportminister Dan Kersch gouf dee Posten, wéi de Rob Thillens an d’Pensioun gaangen ass, net méi nei besat. Fir de Sportminister Georges Engel soll déi Plaz elo och emol bis déi nächst Wale vakant bleiwen an deen nächste Sportminister kéint dann decidéieren, ob déi Plaz nees besat soll ginn oder net.

Sportminister wëll Harmonie mat COSL a Federatiounen

Et huet net méi ganz ronn gedréit, et war e bësse Sand an de Motor komm tëscht dem Sportsministère an dem Comité Olympique a senge Federatiounen.

De Sportminister Georges Engel, deen zanter dësem Joer d’Soen um Fetschenhaff huet, ass awer beméit, datt et an Zukunft nees méi Harmonie an der Lëtzebuerger Sportswelt gëtt.

De Georges Engel ass op ganz ville Sportsevementer ënnerwee. Hien huet sech séier e Bild vun der nationaler Sportswelt wëlle maachen. Virun enger décker Woch war de Sportminister och bei der Wal vum President fir d’Futtballfederatioun dobäi. Bei der FLF huet sech de President sortant Paul Philipp jo géint säin Erausfuerderer Claude Kremer duerchgesat:

Mir erwaarden eis natierlech Kontinuitéit, eng Kontinuitéit, déi an enger gudder Zesummenaarbecht wäert weider goen. Mir hu ganz gutt zesummegeschafft mam Paul Philipp, an ech ginn och dovun aus, datt dat och esou wäert weidergoen.

Och d’FLF, genee wéi eng ganz Rei aner Federatiounen an de COSL, haten an de leschten 2-3 Joer ëmmer nees Punkten, déi zu Diskussioune mam Sportsministère gefouert hunn, déi een an der Vergaangenheet esou net kannt huet, dozou de Georges Engel:

Also, ech kann dat elo net direkt bestätegen, datt et do geknistert huet, ech weess just, datt ech ganz gutt mat de Federatioune wëll zesummeschaffen an dat berout och op Géigesäitegkeet, dat heescht, d’Federatioune wëllen och gär mam Sportsministère zesummeschaffen, an ech fannen, datt dat och relativ gutt klappt. Mat deenen engen oder aneren huet een heiansdo och emol Differenzen, wat jo och ganz normal ass, an da probéiert een déi aus dem Wee ze schafen an dofir si mer jo och do, fir gutt zesummenzeschaffen am Interêt vum Sport vun eis alleguer.

De Sportminister Georges Engel huet decidéiert, datt elo eng nei Coordinatrice génerale mam Vanessa Tarantini an de Sportsministère kënnt.

Back to Top
CIM LOGO